Club Info

Allgemeng Informatiounen fir nei Memberen

D’Liichtathletik as d’Olympesch Sportaart Nr. 1. Si bidd jiddwerengem déi Epreuve déi him passt. Sprint, wäit lafen, sprangen oder werfen. Fir jiddereen as eppes derbäi.


Mir am CELTIC fannen et wichteg dass ee Freed derbäi huet. An dat as och dat éischt, wat mir wëlle vermëttelen: Freed un der Liichtathletik mat hire ville Méiglechkeeten.


Net jiddereen kënnt an de CELTIC mat deem selwechten Zil. Et mëcht ee Sport fir gesond ze bleiwen, fir sech mat aneren ze vergläichen, well et Spaass mëcht, awer och well een éiergäizeg ass an ee wëll Champion gin.
Liichtathletik ass objektiv. Do as keen Arbitter mat Tomaten op den Aen oder deen eppes géint een huet. De Chrono an d’Zentimeterband ieren sech nët. D’Plaz am Klassement huet een sech éierlech verdingt.


Eng Liichtathletikcarrière ass e Laangzäitprojet. Et gëtt een net vun haut op mar Weltmeeschter. Meeschtens net.


D’CELTIC Trainer Team huet d’Missioun fir all d’Athleten optimal ze betreien a Fonctioun vun hirem Kënnen an hiren Ambitiounen. D’Trainingsphilosophie vum CELTIC fousst op engem kontinuéierlechen Opbau, Schrëtt fir Schrëtt, ouni Etappen z’iwwersprangen, bei deem Technik, Souplesse, Vitesse a Koordinatioun d’Basis sin fir d’Entwécklung zum selbststännegen a selbstbewossten Athlet.

Op dëse Säiten fannt dir e puer Informatiounen iwwert de Club, den Training an d’Competitiounen.

Vill Freed beim Liesen.