Page d'accueil

Wellkom beim Celtic

D’Liichtathletik as d’Olympesch Sportaart Nr. 1. Sprinten, wäit lafen, sprangen oder werfen. Fir jiddereen as eppes derbäi.

Mir am CELTIC fannen et wichteg dass ee Freed derbäi huet. An dat as och dat éischt, wat mir wëlle vermëttelen: Freed un der Liichtathletik mat hire ville Méiglechkeeten.Net jiddereen kënnt an de CELTIC mat deem selwechten Zil. Et mëcht ee Sport fir gesond ze bleiwen, fir sech mat aneren ze vergläichen, well et Spaass mëcht, awer och well een éiergäizeg ass.

D’Trainingsphilosophie vum CELTIC fousst op engem kontinuéierlechen Opbau, Schrëtt fir Schrëtt, ouni Etappen z’iwwersprangen, bei deem Technik, Souplesse, Vitesse a Koordinatioun d’Basis sin fir d’Entwécklung zum selbststännegen a selbstbewossten Athlet.

Lire notre histoire >