Trainingsméiglechkeeten

Entwecklung vun den Trainingsméiglechkeeten

Trainéiert gouf am Ufank haaptsächlech op deem alen Hypodrom a wann et gereent huet ënnert dem Iwerdaach vun de Päerdsställ laanst d’Fielser Strooss.

Dank de gudde Relatioune mat der Arméi, huet sech dunn och d’Méiglechkeet erginn, fir op der Piste vun der Arméi um Härebierg ze trainéieren. E grousse Problem waren do awer op der enger Säit di militärisch Virschrëfte fir d’Benotze vun de Sportsinfrastrukturen, Hal a Piste, an op der aner Säit de Problem vum Transport vun Athlete an Trainingsmaterial op de Bierg. Di allermeest vun den Athlete ware Studenten an hate keen Auto; eng Bomm weit 7 Kilo, een Hummer och, een Diskus weit 2 Kilo an ee Speer ass 2 Meter laang.

Den 9. Juni 1984 war ee wichtige Dag fir den Celtic an d’Dikricher Sportswelt. Do gouf deen neie Stadion mat Lafpiste ageweit. Vun deem Dag un ass de Celtic Training Mëttwochs a Freides vun 18.00 bis 20.00 um Stadion an an der Sportshal niewendrunn. Déi 4 Stonnen pro Woch vun de Sportinfrastrukturen vun Dikrich profitéieren ze kënnen, war eng wesentlech Verbesserung fir den Training vum Celtic.

Zënter 2009 kritt de Celtic nach weider Trainingsinfrastrukturen duerch d’Gemeng, den LCD an d’Entente des Sociétés Sportives vun Dikrich wieder 4 Stonnen zur Verfügung gestallt. Niewend dem Stadion sin dat d’Sporthal vum LCD (Neit Gebei) an d’Sportshal vun der neier Primärschoul.

Evolutioun vum Trainerstaff

Di éischt 20 Joer gouf de ganzen Training vun engem, resp. 2 Trainer gehalen, dem Léi an dem Tunn Moureaud. Haut sinn et der eng gutt Dosen.

Deemols gouf et 4 Alterskategorien, haut sinn et der 10, an dat souwuel bei de Meedercher/Dammen, wi och bei de Jongen/Hären. Deemols haten di jéngst Memberen 13/14 Joer, haut hun se 6 Joer.