Sportlich Entwëcklung

 

Sportlech Entwecklung

An all deene Joeren hunn d’Celtics-Athletinnen an Athleten u praktisch allen Organisatiounen, inklusiv Championaten,  hei am Land op der Piste, op der Strooss a bei den Dua-an Triathlonen deelgeholl.

Wäit iwer 300 Championstitele individuell a par équipe bei den Dammen an Hären hun eis Athletinnen an Athleten erkämpft.

Deen éischte Landesrekord bei den Dammen ass d’Mady Petit-Scholtes iwer 400 m Hürde gelaf (07.06.1986). Den éischte Landesrekord vun engem Celtic-Athlet geet op e Kont vum Marc Goedert am Speerwerfen ( 25.04.1993 bei der Coupe d’Europe zu Dublin).

2001 gouf d’Chantal Hayen zur beschte Lëtzebuerger Liichtathletin vum Joer gewielt. D’Chantal war och déi éischt Celtic Athletin bei enger Liichtathletik WM an déi éischt Celtic Athletin bei de Jeux de la Francophonie (2009). De Steve Thull war deen éischten Celtic Sportler dee sech fir eng WM qualifizéiert huet, dat war am Triathlon. Weider international präsent Celtic Sportler waren Kim Schartz, Jil Gloesener, Joanne Schartz, Jérôme Even, Jemp Ernzen, Dustin Rischard, Christian Molitor, Ben Bertemes.

Houfreg ass de CELTIC och op d’Gold- Sëlver- a Bronzemedaillen, déi seng Athleten Pascale Schmoetten, Chantal Hayen, Martine Mellina, Laurence Thill, Mady Petit, Claude Assel, Jens Petit a Paul Zens op de Spiller vun deene Klenge Länner kruten. D‘selwecht wéi op déi 2 Goldmedaille vum Danièle Lentz op der Weltmeesterschaft bei de Masters 2002 am Duathlon op der laanger Distanz an 2003 am Duathlon op der klassischer Distanz.

De CELTIC  huet als Champion Lëtzebuerg op enger Coupe d‘Europe fir Clibb vertrueden:

Dammen: European Champion Clubs Cup Cross-country

1998 zu Lanciano /(ITA)
1999 zu Salamanca (ESP)
2000 zu Villamoura (POR)
2001 zu Bilbao (ESP)
2004 zu Lanciano (ITA)
2005 zu Mantova (ITA)
2006 zu Caceres (ESP)
2007 zu Istanbul (TUR)
2008 zu Albufeira (POR)
2009 zu Istanbul (TUR)

European Champion Clubs Cup Juniorinnen Cross-country

2008 zu Albufeira (POR)
2009 zu Istanbul (TUR)

Dammen European Champion Clubs Cup Liichtathletik

1989 zu Zürich / Schweiz

Dammen Coupe d’Europe op der Strooss 15 Km

1999 zu Braga / Portugal
2000 zu Moskau / Russland
2001 zu Salo / Italien

Hären European Champion Clubs Cup Cross-country

1982 zu Clusone / Italien
1983 zu Lyon / Frankräich
1985 zu Albufeira / Portugal
1989 zu Albufeira / Portugal
1990 zu Albufeira / Portugal
1991 zu Alicante / Spuenien
1992 zu Marignane / Frankräich
2001 zu Saint Junien / Frankräich
2004 zu Almeirim / Spuenien

European Champion Clubs Cup Cross-country Junior

2006 zu Caceres (ESP)
2008 zu Albufeira (POR)

Hären Coupe d’Europe op der Strooss 15 Km

1994 zu Verona / Italien
2002 zu Lissabon / Portugal